Luerenzweiler > Agenda > Manifestations
fr

Tauschmaart

Org.: Déi Gréng

  • 02/02/2025, 14:00 - 17:00

Tauschmaart

Hutt Dir Saachen, déi Dir net méi braucht, awer déi ze schued si fir wechzegeheien? Oder sidd Dir op der Sich no Ssecond Hand Saachen?


Den Tauschmaart bitt d'Méiglechkeet:

  • Saachen ze tauschen déi Dir net méi braucht oder se einfach ze verschenken oder
  • Dir fannt Saachen déi Dir brauche kéint
.


Dir kënnt Är Saachen op Dëscher setzen, déi mir opgeriicht hunn. Et muss net 1:1 getosch ginn. Dir huelt d'Saachen déi Dir gären hutt a gitt déi Saachen déi Dir net méi braucht.


D'Saachen déi dir matbrénge kënnt, sinn:

Spillsaachen, Kleeder, Bicher, CDen, DVDen, Blu-rays, Dekoratiounsartikelen, Elektresch Apparater, Kichen Artikelen (Telleren, Tasen, Glieser, Besteck, Kachdëppen, etc.)

D'Géigestänn mussen intakt sinn (kleng Mängel sinn an der Rei) an elektresch Apparater mussen nach funktionnéieren.

D'Saachen déi iwwreg bleiwen, sollen erëm matgeholl ginn.


Sënn an Zweck vum TauschmaartFrom ECHO.lu

De gebrauchte Géigestand soll en zweet Liewen kréien an hëlleft domat, Offal ze vermeiden, Ressourcen an Energie ze spueren an d'Ofgaser an d'Verschmotzung ze reduzéieren.

Billets

Gratuit

Lieu

Centre Culturel Helmdange
route de Luxembourg
L-7360
Helmdange
lu

Public

Pour tous publics