Emotions fortes
Org.: LOFT Lokale Familljentreff
- 19/11/2024, 18:00 - 20:00
LU -
Vill Famillje beriichten vu Roserei-Krise wärend deenen hier Kanner
kräischen, jäizen, ëm sech schloen oder mat Saache schéissen. Fir d‘Elteren
ass et net ëmmer einfach mat esou staarken Emotiounen ëmzegoen. Op
.Dauer kënne sou oder ähnlech Situatiounen zu Frustratioun an Erschöpfung
op béide Säite féieren.
De LOFT invitéiert d’Eltere vu Kanner aus allen Alterskategorien op en
Elterenowend zum Thema „Staark Emotiounen“. Bei eis op Besuch wäert
d’Silvija Zagar sinn. Si ass Mamm, kierperzentréiert Therapeutin a Coach a
kann eis erkläre wat an de Kanner virgeet wann si esou staark Emotioune
weisen a wéi een als Eltere reagéiere kann an esou enger Situatioun.
Doriwwer eraus ka si eis puer Tipps ginn wéi een eng gutt Bindung zu
sengem Kand opbaue kann a wéi een trotz engem decke Programm „Self-
.Care“ a säi Liewen integréiere kann.
Billets
Gratuit
Lieu
LOFT Lokale Familljentreff
rue Jean-Pierre Glaesener
7358
luxembourg
Public
Pour tous publics