Quizowend
Org.: Fanfare Hielem-Luerenzweiler
- 22/03/2025, 19:00 - 23:45

Wëlls du mat denge Kolleegen äert Wëssen ënner Beweis stellen, da bass du Samschdes den 22. Mäerz 2025 genau richteg am Centre Cuturel zu Hielem um
Quizowend
vun der Fanfare Hielem-Luerenzweiler.
Fir eng Ekipp brauch dir 4-6 Leit, an d’Participatioun pro Ekipp kascht 50 €.
Fir den Éiergäiz sou richteg ze entfachen, ginn et natierlech och flott Präisser ze gewannen.
Fir sech virun den ustrengende Froen nach ze stäerken, offréiere mir vun 19:00 - 20:15 Auer Spaghetti à volonté (Bolognese/Napolitaine) fir 14 €/Kapp
Um 20:15 Auer fänkt de Quiz un.
Wärend dem ganzen Owend leeft eise Gedrénks-Service.
Fir är Plazen (an och äert Iessen) ze reservéiere kennt dir iech bis den 10. Mäerz 2025 iwwert d'Email Adresse reservation@fanfarehielemluerenzweiler.com oder iwwert de QR-Code umellen. (Dir musst eis just den Ekippennumm, e Kapitän mat Email an Telefonsnummer, Unzuel vun de Leit déi matmaachen an do iesse matdeelen.)
Är Umeldung ass réischt geséchert, wann der déi 50 € op de Konto LU75 0019 2400 0055 8000 (BCEE) vun der Fanfare Hielem Luerenzweiler mat der Mentioun “Quiz 2025 - Ekippennumm” iwwerwisen hutt.
D'Iessen a Gedrénks gëtt alles op der Plaz bezuelt.
Mir freeën eis drop e flotten Owend mat iech ze verbréngen
.Mat musikalesche Gréiss,
Fanfare Hielem-Luerenzweiler
Billets
Gratuit
Lieu
Centre Culturel Helmdange
route de Luxembourg
L-7360
Helmdange
lu
Public
Pour tous publics