Luerenzweiler > Agenda > Manifestations
fr

Défi sportif parents-enfants

  • 27/04/2025, 10:00 - 15:00

De LOFT organiséiert zesumme mam Nadia, Mamm a Fitnesstrainerin, Sonndes de 27.04.2025 um 10h00 eng Eltere-Kanner-Sportchallenge mat engem uschléissende Brunch bis 13h00.


.

Dir wäert zesumme mat Ärem Kand verschidde sportlech Übunge maachen, bei deenen d'Zesummenaarbecht tëscht Elterendeel a Kand am Mëttelpunkt steet.


Bei der Sport-Challenge kënne Kanner ab 8 Joer zesumme mat engem Elterendeel deelhuelen. Fir déi kléng Geschwëster organiséiere mir eng Kannerbetreiung.


Uschléissend invitéiere mir Iech an Är Kanner op e wuelverdéngte Brunch, wou jidderee gären ëppes matbrénge kann (wann méiglech). Mir suerge fir d'Gedrénks (Jus, Waasser, Kaffi, Téi), Mëtschen an Uebst.


From ECHO.lu

Umeldung iwwert de follgende Link: https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSek1AWpPei1RPcO2pispm8lhqcXLPg-7KZ7gu5TctzdNj-FMQ/viewform

Billets

Gratuit

Lieu

LOFT Lokale Familljentreff
rue Jean-Pierre Glaesener
7358
luxembourg

Public

Pour tous publics