Luerenzweiler > Agenda > Manifestations
fr

Konferenz iwwer d'Ierfrecht

Org.: Commune de Lorentzweiler

  • 29/01/2025, 19:00 - 21:45

KONFERENZ IWWER D'IERFRECHT (SUCCESSIONS)

  • Bei engem Stierffall gesinn d'Familljememberen sech confrontéiert mat enger Rei vun administrativen Demarchen: Acte de notoriété, Ierfschaftserklärung, Certificat d'exemption, asw. Wat genee dat ass, firwat een et brauch a wat den Inhalt vun dësen Dokumenter ass erkläert d'Maître Mireille Hames, Notaire vu Miersch méi am Detail.


From ECHO.lu
  • Och gëtt déi legal Devolutioun vun enger Ierfschaft presentéiert, wéi eng Forme vun Testamenter et gëtt an op wat ee muss oppasse wann een en Testament well schreiwe fir dass e gülteg ass.


Sprooch: Lëtzebuergesch mat Simultaniwwersetzung op Franséisch


D'Notaire äntwert no hirer Présentatioun op Froen.


.

Fräien Entrée, eng Umeldung ass net noutwendeg.


www.lorentzweiler.lu

Billets

Gratuit

Lieu

Centre Culturel Helmdange
route de Luxembourg
L-7360
Helmdange
lu

Public

Pour tous publics